1monthfree

Generalversammlung vun der lokaler Sektioun vum Roude Kräiz 2019

En Donneschdeg den 14.03.19 hat déi lokal Sektioun vum Roude Kräiz hier Generalversammlung an der "porte ouverte" vun der AMIPERAS zu Ettelbréck. De President Jos Rausch huet eng "retrospectif" vun dem vergaangene Joer gemaach. Déi meeschten Arbecht ass de Vestiär. Deen huet zwar ofgeholl mä hien ass nach ganz wichteg. Et kommen Asylanten vu verschiddenen Nationen awer och der, déi zu Lëtzebuerg liewen. Eis Dammen sinn all Méindes vun 9.00 Auer bis 11.00 Auer am Vestiär fir Kleeder auszepaacken, sortéieren, opzehänken an zendsuergen. De Vestiär ass all 1. an 3. Mëttwoch vum Mount vun 13.00 Auer bis 16.00 Auer op.

Duerno ass et Quête. 37 Dammen an Hären sinn ophiewe gaangen an do war Endresultat 19.480,28€ , déi an Stadt iwwerwisse gi sinn. Et haalen all Joer Quêteusen a Quêteuren op an heinsdo kommen der och bäi.

Eis Sektioun huet en Don vu 4.000€ un de groupe Zoé gemaach. Dat ass e Grupp deen sech ëm Kanner bekëmmert déi e Kand kréien.

Vun der Direktioun vum Roude Kräiz war den Här Direkter Michel Simonis an Mme Danielle Védie do fir e puer Erklärungen iwwert Quête an de Grupp Zoé an och Kannerhaus Jean ze maachen. Hien huet gesot wat mat dem Geld geschitt dat si zur Verfügung hunn.

Mme Elly Didier-Massonet huet eng Orchidee als Merci fir hir jorelaang Arbecht an der Sektioun kritt wou si hier Demissioun agereecht huet.

Mme Marie-Astride Bäumler ass an de Komite komm.

Da sinn och Leit geéiert ginn déi schon 5 resp. 10 Joer fir Quête ophiewe ginn.

Generalversammlung huet mat enger Agape opgehalen