1monthfree

Generalversammlung

Generalversammlung vun der Ettelbrécker Sektioun vum Roude Kräiz

Den Här Jos Rausch, Präsident, huet d’Mme Valérie Trauffler, Eirepresidentin , d’Häre Robert Oe an Yves Collet, vun der Direktioun vum Roude Kräiz, d’Häre Pascal Nicolay a Vincent Koks, Vertrieder vum Ettelbrécker Gemengerot, an d’Benevolle vum Roude Kräiz häerzlech begréisst.

Den Här Guill Krecké, Sekretär, huet d’Aktivitéite vun der Sektioun opgezielt an d’Mme Nicole Reff-Willmes, Tresorière, huet de Rapport vun der Keess präsentéiert.

D’Haaptaktivitéit vun der Sektioun war d’Kleederstuff, déi all Mëttwochs vun 13.00 – 16.00 Auer op ass. 298 Kanner, 173 Fraen a 214 Männer sinn 2022 zerwéiert ginn.

Fir d’Quête vum Roude Kräiz sinn zu Ettelbréck a Waarken just Depliante verdeelt ginn, well net méi genuch Leit bereet ware Porte-à-Porte ze maachen. 2022 sinn 11140 € iwwerwise ginn.

Och um Ettelbrécker Chrëschtmaart huet d’Sektioun matgemaach mat der traditioneller Tombola, Madeleinen, Zockerwäffelcher a Chrëschtdagsarrangementer.

Op der Generalversammlung sinn 3 Dammen an 3 Häre fir 10 Joer, 1 Damm fir 20 Joer an 1 Här fir 30 Joer Benevolat an der Sektioun geéiert ginn.

Dëst Joer huet d’Ettelbrécker Sektioun en Don vu 4000 € un d'Kannerhaus Jean vum Roude Kräiz gemaach.

De Präsident huet dem Comité an deene ville Leit Merci gesot, déi an der Kleederstuff, bei der Quête an um Chrëschtmaart gehollef hunn.

Och d’Gemeng krut Merci gesot fir de Subside an d’gratis Benotze vum Vestiär, sou wéi d’Amiperas, déi hire Sall fir d’Generalversammlung zu Verfügung gestalt huet.