1monthfree

Generalversammlung

En Donneschdeg den 29. März12 huet déi lokal Sektioun vum Roude Kräiz hir Generalversammlung ofgehaalen. De President konnt den Här Luc Dhamen vum Roude Kräiz, vun der Gemeng Mme Marthy Thull an den Här Christian Mohr an 38 Leit(Queteusen a Queteuren a Frenn vum Roude Kräiz)begréissen. Heibäi ass en Don vu 5000€ un Rout Kräiz gemaach ginn fir Kannerhaus Jean. Dest Joer sinn 3 Leit vun der lokaler Sektioun vun Ettelbréck fir 30 Joer "Quete" am Palais geéiert ginn an zwar Mme Micheline Pena Mme Lucy Mohr an den Här Pol Koob. Gratulatiounen. An der Versammlung ass den Här Krecké Guill fir 20 Joer Quete geéiert ginn. Ofgeschloss ginn ass mat enger Agape.