1monthfree

Generalversammlung vun der lokaler Sektioun vum Roude Kräiz 20.03.25

27
Mär
27 Mär

Generalversammlung vun der lokaler Sektioun vum Roude Kräiz Ettelbréck 20.03.25

Fir d’Generalversammlung 2025 huet de President Jos Rausch déi Benevole vun der Lokalsektioun, sou wéi den Här Robert Oé an den Här Henri Oberhausen-Krippler aus der Direktioun vum Roude Kräiz an den Här Pascal Nicolay vun der Ettelbrécker Gemeng, am Sall vun der Amiperas begréisst. Hien huet all de Benevolle Merci fir hier wäertvoll Aarbecht gesot an och der Gemeng fir de Subside an d’gratis Notze vum Vestiaire.

De Sekretär Guill Krecké huet de Rapport iwwer d’Aktivitéite gemaach. Am Vestiaire, deen all Mëttwoch vun 13.00-16-00 Auer op ass, sinn u 550 Leit Kleeder, Schong an och Bettwäsch verdeelt ginn. Dës Saache ginn all Méindeg vun 9.00-11.00 Auer vun den Dammen ugeholl, sortéiert a geraumt.

Fir de Mois du Don 2024 si 4.200 Deplianten zu Ettelbréck a Waarken verdeelt ginn. Dobäi sinn 12.651 EUR iwwerwise ginn.

Och d’läscht Joer war d’Sektioun 3 Deeg um Ettelbrécker Chrëschtmaart mat engem Stand vertrueden. Hei konnt een Tombola Lousen, Madeleinen, Zocker Wäffelcher, Chrëscht Arrangementer, sou wéi Secondhand Spillsaachen a Bicher kafen.

D’Tresorière Nicole Reff-Willmes huet e positive Bilan präsentéiert. D’Keesserevisoren Georges Riever a Louis Cox hunn d’Versammlung gebieden hir d’Decharge ze ginn.

Den Här Jean Thomas ass mat groussem Applaus vun der Generalversammlung an de Comité vun der Lokalsektioun opgeholl ginn.

Duerno si verschidden Damme fir hiert Benevolat beim Roude Kräiz geéiert ginn:

fir 5 Joer, Mme Andrée Lepage-May ,Mme Sandra Rasqui-Thill, Mme Chantal Sax, Mme Mireille Thomas-Keip a Mme Christiane Wetzel-Weis

fir 10 Joer Mme Gaby Berlo-Paulus a Mme Jeanne Both

Den Här Robert Oé huet verschidden national an international Projete vum Roude Kräiz präsentéiert an ass och op déi wäertvoll Aarbecht vum Centre thérapeutique “Kannerhaus Jean” agaang.

Den Här Pascal Nicolay huet der Lokalsektioun Merci fir hir gutt Aarbecht gesot an zukünfteg Projete vun der Gemeng Ettelbréck virgestallt.

Uschléissend ass ee Chèque vun 3.000€ un d’Kannerhaus Jean iwwerreecht ginn.

D’Generalversammlung ass duerch ee gemittlecht Zesummesinn mat enger Agape ofgeschloss ginn.