Useldeng: Zënter dem Joer 2006 besteht den lokalen Senioreveräin „ Senioreforum Gemeng Useldeng“, den viru kuurzem bei engem volle Saal hir dësjährig Generalversammlung ofgehaalen huet. No hire Wierder vu Wëllkomm a Merci, huet di frëschgebâke Presidentin Mady Wolff- Tholl och denen, di nit konnten derbéi sin, eng gut Besserung gewënscht. Och un di verstuerwe Memberen ass an der Versammlung geduecht gin. Den Aktivitéitsbericht vum Sekretär Pierre Da Silva, huet bewissen, dat de Senioreveräin vun Useldeng mat hiren 178 Memberen am vergaangene Joer mat 5 Portes ouvertes, 4 Ausflich, 7 Senioreniessen an engem Total vun 25 verschidden Aktivitéiten ganz aktiv war. De positiven a ganz exakten Finanzbericht vum Gast Wetzel gouf vun de Keesserevisoren Marielle Majerus- Goedert a Roger Jacoby och gut geheescht. Mat groussem Applaus sin den scheidenden President Jules Schoujean, zum Éierepresident, an d‘Olga Thimmesch- Bannella mam Marie- Thérèse Frank- Gilson als Éierememberen ernannt gin. Bei der Virstellung vun den Aktivitéiten 2025, stin ënner aanerem niewt 7 Senioreniessen, 5 Ausflich, 1 Grillfest, 1 Zoppennommëtteg, Kaffistuff och di traditionell Niklos- a Chrëschtfeier fest am Kalenner. No der Jubilarenéierung war et um Schëffen a Vizepresident Raoul Schaaf, den am Numm vun der Gemeng Useldeng di vill Aktivitéiten an di gudd Féierung vum Seniorenforum besonnesch erviergestraach huet a gläich drop op d’Statutenännerungen higewissen huet, déi och vun der Versammlung gut geheescht goufen. Fir de Scheck vun 1 500 Euro, den Sarah Melcher, Direktiounsbeoptragt bei "Autisme Lëtzebuerg“, villmols Merci gesoot huet, war och frou de Memberen am Sall hir Vereenegung kuurz virzestellen an hinnen och mat ze deelen wéi di Suen och ganz intensiv agesaat gin. Mat dräi neuen Kandidaten gesäit den aktuelle Komitee vum Senioreforum Gemeng Useldeng elo esou aus: Mady Wolff- Tholl (Presidentin), Jules Schoujean (Éirepresident), Raoul Schaaf (Vizepresident), Pierre Da Silva (Sekretär), Gast Wetzel (Keesssier). Bäisitzend Memberen sin: Etienne Heirendt, Gaby Raposo, Anita Munhoven, Sylvie Friden an Isabel Duarte. (CR) ( Foto : Charles Reiser)