1monthfree

Ecole de Musique du canton de Redange in Concert


🎶 MKR in Concert: Musek déi verbënnt – zu Réiden an der Musikschoul 🎶

Oder From Saint-Saëns to Seven Nation Army

Réiden : D’Ecole de Musique du Canton de Redange huet e musikalescht Fest vum Allerfeinsten am Festsall vum Atert Lycée Redange (ALR) op d’Been gestallt.

Méi wéi 150 Schüler an Enseignante stoungen zesummen op der Bühn, dorënner 60 kleng Museker aus den Eveil-Klassen – all eréischt fënnef Joer al – déi fir vill Oo&Aa-Momenter gesuergt hunn.

Virun engem begeeschterte Public vu ronn 400 Leit gouf ënner dem Titel "MKR in Concert" e faarwege musikalesche Bouquet presentéiert, dee kaum Wënsch opgelooss huet: Vun Klassik bis Rock, vu Soloperformance bis zu imposante Ensembelstécker, war alles dobäi.

De Concert huet ugefaang mat engem majestéitesche „Kinnegleche Marsch“ vum Saint-Saëns, gesonge vun den Eveil-Kanner. Besonnesch beréiert huet: „The Circle of Life“ zesumme mat Schüler aus de Gesangsklassen.

De Percussions-ensemble huet mat "Karate Tiger" an "Rocket Fire" ee richtegen Energieboost ginn, ier de Programm sech mat dem Ensemble mixte an de Klassiker "Alouette" oder "Pomp and Circumstance" an eng traditionell a festlech Richtung beweegt huet.

E weideren Highlight: Den Carnaval des Animaux vum Saint-Saëns – mat all senge komeschen Déieren an emotionalen Téin – ee richtege Klassiker, interpretéiert mat Virtuositéit a Freed.

Zwee Pianoduoen hu mat Stécker wéi "Brasileira" a "Festival" d’technesch an emotional Villsäitegkeet vum Piano ënnerstrach.

Mat der Danse Macabre vum Saint-Saëns huet en Enseignants-ensemble fir Schauer gesuergt – natierlech déi gutt Zort. Duerch déi impressionant Stëmmung an Harmonie huet dës Interpretatioun nach laang nogewierkt.

Zum Schluss gouf et nach ee fetzege Programm mat de Gesangsklassen an der Combo, déi Klassiker aus Pop a Rock wéi "Creep", "Time Is Running Out", "Seven Nation Army" an "Aquarius / Let the Sunshine In" presentéiert hunn.

Dës Editioun vum MKR in Concert war net nëmme musikalesch héichwäerteg, mee och e staarkt Beispill fir Zesummenhalt, Freed um Ensemblespill an déi grouss Léift zur Musek, déi d’Réidener Musikschoul mat hire Schüler deele wëll. Merci un all déi matgemaach hunn – mir freeën eis elo schonn op déi nächst Editioun! (Fotoen : Charles Reiser)