1monthfree

Eng propper Gemeng, Dank villen eifrigen Hänn


Sëll: Och an der Gemeng Sëll gëtt all Joer drop gehaalen, fir hir Uertschaften vun Allem ze befreien, wou d’Leit hiren Drëck , ouni ze iwerleeën, einfach an d’Natur gehéieen. Fir d’Gemeng Sëll awer propper ze gestalten, war viru kuurzem nees di traditionell grouss Botz ugesoot. No dem Kaffi a Croissant beim Festsaal, huet de Buergermeeschter Gérard Zoller all deene villen eifrigen Bénévollen a Veräiner merci gesoot fir hirt fräiwëllegt Engagement, fir bei deser Botzaktioun matzemaachen. Nodeems dat den Laurent Gengler drop opmierksam gemeet huet, fir beim Sammelen gut op de Stroosseverkéier opzepassen hun sech di verschidde Gruppen op de Wee gemeet, fir di ganz Gemeng vun jeglichen Drëck ze befreien. Géint Mëtteg war den Dësch och schéi gedeckt, wou jiddereen, den Moies derbéi war, sech den Menü als Merci och gut schmaache geloos huet an och houffrig war, dat d’Gemeng sech elo nees propper weise kann. (CR) (Foto: Charles Reiser)