1monthfree

Vill schéi Momenter bei den "Di Jonk vu gëschter Feelen"



Gut besicht war die 18. Generalversammlung zu Feelen

Feelen: Zënter der Opléisung vun der lokaler Amiperas Sektioun besteht de Senioreveräin „Déi Jonk vu gëschter Feelen“ elo schon säit 18 Joer. Di ganz gut besichten Joershaaptversammlung am Hennesbau zu Nidderfeelen war zugläich och di bäschte Geleeënheet fir Bilanz iwert engt ganz aktivt Joer mat villen schéinen Momenter ze zéihen. Gläich um Ufank vun der Generalversammlung, den 13. Februar, huet d’Presidentin Viviane Reinartz- Krack all Uwiesend Wëllkomm geheescht a jidderengem Merci gesoot fir di gut Zesummenarbicht mat der Gemeng an hirem technischen Personal, dem Komitee mat allen Memberen fir hiert Engagement an hir Trei iwert dat ganzt Joer zum Senioreveräin. Hirt Uléies ass nach wie vor, dat Portes an Zukunft solle besser besicht gin. Am Uschloss un eng Gedenkminut huet d’Sekretärin Marianne Welter- Heintzen di verschidden Aktivitéiten vum Joer 2024 Revue passéiere geloos, wou ronn 230 Memberen niewt 20 Portes Ouvertes an 6 Comitésitzungen aktiv derbéi waren. Hinnen alleguerten e grousse Merci. Op dem Programm fir 2025 stin bis elo Mol e Fréijoerstour (23. Abrël), Wafelelen bâcken am Cactus (30. an 31. Mee), Rees op Lüneburger Heide (02. Bis den 05. Juni), Mammen a Pappendagfeier (12. Juni), Grillfest (10. Juli) souwie Niklos- a Chrëschtfeier am Dezember.Trotz e klengem Defizit, konnt d’Keessière Marcelle Rodesch- Schwartz der Versammlung eng gesond Finanzlag virleeën, déi och vun de Keesservisoren Roland Philippe a Roger May als exakt bestätigt gouf. Am Numm vun der Gemeng Feelen huet de Rajesh Etgen op d’Wichtigkeet vum Feelener Senioreveräin higewissen wou Kommunikatioun a Mateneen bei den villen Aktivitéiten zum zukünftigen Weidermachen wesentlich zum weideren Zesummeliewen an der Gemeng beidroen wärten. Weider hun hien di gut Zesummenarbicht mat der Gemeng wi bis elo erviergehuewen an dem Senioreveräin schéi Momenter an Zukunft gewënscht. Beim Punkt Verschiddenes gouf och drop higewissen, dat d’Memberen der Sekretärin hir E- Mail Adress sollen matdeelen, fir den zukünftigen Informatiounsaustausch wesentlich ze vereinfachen. Bei enger guddem Fueskichelchen an enger Taass Kaffi, huet di 18. Generalversammlung och e würdigt Ënn fond. De Comité vun „Déi Jonk vu gëschter“ Feelen: Viviane Reinatz- Krack (Presidentin ); Marianne Welter – Heintzen (Vizepresidentin a Sekretärin); Marcelle Rodesch- Schwartz ( Keessière). Bäisitzend Memberen sin: Camille Braun, Léa Busto-Wingert, Aloyse Ottelé, Loni Reding- Gillen a Fons Schmitz. Nei derbéi komm sin Jacqueline Schreiner an den Laurent Kayser (CR)