De Jempy Hendel an d'Annette Haupert hun diamanten Hochzäit gefeiert


Schandel: Schon 60 Joer Zesummesin an och dat nach bei gudder Gesondheet. Esou eppes muss jo bal gefeiert gin. An duefir hat de Jempy Hendel vu Schandel an d‘Annette Haupert vun Béiwen/Atert d’Famill invitéiert fir hir diamanten Hochzäit zesummen können ze feieren. Den 20. Juni 1964 hun di zwee sech d’Jowuert gin an hun duerno wärend 17 Joer zu Useldeng gewunnt. Vun 1983 un wunnen sie alle béid an hirem Haus zu Schandel. Dräi Jongen an eng Duechter niewt fënnef Enkelkanner zielen haut zur Famill Hendel- Haupert. A sengem aktiven Berufsliewen huet de Jempy wärend 34 Joer sengt deeglicht Brout bis zur Pensioun zu Colmer- Bierg op der Goodyear verdingt. Seng Fra, Annette huet sech ëmmt de Stoot, doheem bekëmmert. Bei engem schmackhaftem Festmenü an engem Stéck vum Hochzäitskuch huet dess schéi Feier no e puer angenehmer Stonnen sengt würdigt Ënn fond. Beim Abschied hun all Gäscht dem diamanten Hochzäitspuer nach weider vill an zefridden Joeren bei gudder Gesondheet gewënscht. (CR (Foto. Charles Reiser)