1monthfree

Vill fläissig Hänn bei der grousser Botz am Préizerdaul

Préizerdaul: Wéi et schons säit Joeren virun Ouschteren zur Traditioun gehéiert, hat d’Gemeng Préizerdaul an Zesummenarbicht mam lokalen Syndicat d’initiative, fir e Samsden, den 12.Abrël op di grouss Botz an der Gemeng invitéiert. Bei Guddem Summerwieder haaten sech nees vill asaatzfreedig a fräiwëlleg Matbierger , Veräiner, Vertrieder vun der Gemeng mat den Arbichter vum technischen Service , sech Zäit geholl, fir d’Uertschaften Bieberich, Horass, Platen, Proz, Roudbaach a Rëmmerich bei deser Botzaktioun, d’Natur vu jeglichem mutwëlleg entsuergtem Drëck, ze befreien. Gläich am Ufank huet de Schëffen Marc Rehlinger op d’Wichtigkeet vun deser Aktioun higewissen an och jiderrengem Merci gesoot fir d’Matmaachen. No deser grousser Botz können di Préizerdauler Matbierger weiderhin op eng schéin a propper Gemeng och ganz houffrig sin. Duerno ass no virgezeechnetem Plang di ganz Gemeng duerchkämmt gin, fir dann zum Schluss am der Buvette vum Kulturzenter bei engem deftigen Teller Chili Con Carne an engem sëffige Patt mat engem Stéck Streisel a Kaffi als Merci e puer agreabel Momenter zesummen können ze verbrëngen. (CR) (Foto: Charel Reiser)