„Dat gréisste Krichsverbriechen un der deemooleger Jugend“

Erënnerung un d’Proklamatioun vun der Zwangsrekrutéierung zu Lëtzebuerg


Lëtzebuerg. Nodeems d’lescht Joer den 80. Anniversaire vun der Proklamatioun vun der Zwangsrekrutéierung duerch de Gauleiter Gustav Simon mat enger grousser Gedenkfeier begaange gouf, ënnert anerem am Kader vun enger akademescher Sëtzung am Spuerkeess-Gebai „19 Liberté“ (fréiere Sëtz vun der Arbed), huet d’Zwangsrekrutéiertefederatioun dës Kéier mat méi enger einfacher Feier un de Schicksalsdag vum 30. August 1942 erënnert.

Fir d’éischt sinn am enke Krees virum „Monument de la déportation“ bei der Hollerecher Gare Blummen néiergeluet ginn. De President a.i. Josy Lorent huet an enger kuerzer Usprooch drun erënnert, datt vun hei aus den 18. Oktober 1942 den 1. Convoi mat Lëtzebuerger Jongen, déi an d’Wehrmacht gezwonge goufen, fortgefuer ass, nodeems dat schons de 17. September 1942 de Fall war fir den 1. Zuch mat politeschen Deportéierten. Bis den 31. August 1944 sinn net manner wéi 86 weider Zich gefollegt.

Déi nächsten Etapp war d’Gedenkplack virun der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg, wou Vertrieder vun der Chamber, der Regierung, der Stad Lëtzebuerg, dem „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerrre mondiale“ an der „Fédération des Enrôlés de Force – Victimes du Nazisme“ Blummen néiergeluet hunn.

Am Pavillon vun de fréieren Ausstellungshalen, an deenen de Gauleiter Simon am Kader vun enger grousser Propagandaveranstaltung vun der VdB (Volksdeutsche Bewegung) d’Zwangsrekrutéierung vun de Lëtzebuerger Jongen a Meedercher dekretéiert hat, huet duerno eng Gedenksëtzung stattfonnt. De Fedef-President a.i. Josy Lorent huet a senger Begréissungusprooch vun der Zwangsrekrutéierung als dat gréisste Krichsvrbrieche vun de Nazien un der Lëtzebuerger Jugend geschwat. Direkt oder indirekt wär quasi all Lëtzebuerger Famill vun dëser willkürlecher Moossnahm vum Okuppant betraff gewiescht, déi alles an allem eng ronn 11.500 „Jongen“ an 3.614 „Meedercher“ betraff huet. 1.378 jonk Lëtzebuerger si meeschtens un der Ostfont gefall, 163 goufen erschoss, 223 si gestuerwen an 1.084 gëllen als vermësst.

De Chamberpresident Fernand Etgen ass op déi grouss Belaaschtung an den ongeheierlechen Dilemma vun de jonke Lëtzebuerger an hire Familljen agaangen, wann de Stellungsbefehl vun der Wehrmacht komm ass. D’Kultur- a Justizminitesch Sam Tanson huet unhand vun eenzelne Beispiller an aus Dokumenter vun hirer eegener Famill ze verstoe ginn, wat sie nodréiglech vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg matkritt huet. D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer, deeër hire Papp selwer Zwangsrekrutéierte war, huet erklärt, wéi eng Auswierkungen deem seng Erzielungen iwwert perséinlech Krichserliefnesser op seng Famill a seng Nolauschterer haten.

Ofgeschloss gouf d’Gedenksëtzung mat dem Gesank vun zwou Strofe vun der „Heemecht“.

Uschléissend war an der Lampertsbierger Kierch eng Gedenkstonn. , déi vum Chanoine Joseph Néro geleet gouf. Hien huet Iwwerleeungen zu Krich, Friemenhaass an Antisemitismus ugestallt an e eFriddensappell virgedroen. Och koum et zu Fürbitten, déi sech op den Thema vum Dag bezunn hunn. Fir de muskaleschen Encadrement hunn de Bassist Jean-Nico Schambourg als Solist, den Organist Daniel Malnati an net zulescht der Militärmusek hir „Clique tambour“ mat der „Sonnerie nationale“ gesuergt.