Mat 100 Joer nach op der Danzpist

Eng aussergewéinlech Gebuertsdagsfeier op der „MS Princesse Marie Astrid“


Gréiwemaacher. Fir hiren 100. Gebuertsdag ze feieren hat d’Madame Maisy Ginter-Bonichaux vu Péiteng nieft hirer Famill eng Rei Frënn a Bekannten an eng Delegatioun vum Nationalcomté vun der Zwangsrekrutéiertefederatioun fir en „Déjeuner dansant“ op d’Muselschëff „MS Pricesse Marie Astrid“nvitéiert.

Iwwer d’Zwangsrekrutéiertekreesser eraus ass d’Jubilarin gutt bekannt als eng vun de leschten iwwerliewenden Zäitzeie vum Zweeete Weltkrich. Sie gouf fir d’éischt fir de Reichsarbeitsdienst (RAD) an e Lager zu Triebes an Thüringen agezunn an huet duerno an der fréierer thürengescher Parzeläinmanufaktur Hescho zu Hermesdorf-Bad Klosterlausntiz an enger Munitiounsfabrik missten Isolatore fir U-Booter a Fligere produzéieren. Eréischt géint Enn Mee 1945, also no Krichsenn, ass sie nees zréck op Lëtzebuerg komm. Nach haut geet sie an d‘Schoulen, fir der Jugend iwwert hir Krichserliefnesser z’erzielen.

Amplaz vun enger traditioneller Gebuertsdagsried ass de Josy Lorent, President a.i. vun der « Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme », op d’Feststellunge vun enger wëssenschaftlecher Étude vun der „Universidad Complutense de Madrid“ agaangen. Dës ass a Spuenien bei enger Rëtsch Leit vun honnert a méi Joren duerchgefouert ginn an huet sou munnech Gemeinsamkeeten erginn. Eng éischt grouss Erkenntnes war d’Liewensfreed vun dësen ale Leit, déi et mat sech bruecht huet, datt sie och nach am héichen Alter net ganz opgehalen hunn, fir kierperlech a geeschteg aktiv ze bleiwen a sech esou net un de Rand drécken ze loossen. Eng aner Erkenntnes war hir Freed um Maateneen, andeems sie hiert ganz Liewe laang Frënn gehalen an hir sozial Relatioune soignéiert hunn. Als weider Ursaach fir hirt Alginn hunn déi Befroten hir Ëmgänglechkeet a Gefällegkeet genannt. Eng aner Besonneschheet war hire Virwëtz, dee sech an der Freed um Léieren an der geeschteger Beschäftegung gewisen huet. E wesentleche Charakterzuch war doriwwer eraus hir positiv Astellung zum Liewen, déi sech an där Hisiicht bemierkbar gemat huet, datt sie trotz der enger oder anerer net esou positiver Erfahrung leschten Enns awer all déi gutt Saachen ze schätze wëssen, déi hinnen am Liewe geschitt sinn. ÉEng lescht intressant Feststellung an der Étude ass déi vun enger remarquabeler Widderstandskraaft vun den Honnertjähregen, déi et verstanen hunn, hirt Liwen ze meeschteren an et a verschiddene Fäll souguer nei z’organiséieren. Dobäi hätten déi negativ Erfahrungen hinnen net psychesch geschued. Am Résumé huet de Riedner festgestallt, datt vill vun de Conclusiounen an der Étude vun der Madrider Universitéit och op d’Maisy Ginter-Bonichaux zoutreffen.

Zur grousser Iwwerraschung huet déi honnertjähreg Jubilarin vu Péiteng hir Vitalitéit doduerch ënnerstrach, andeems sie fir d’éischt ënnert hire Gäscht en Twist gedanzt huet an duerno mat dem Schëffssteward Sandro am Aarm zu der Musek vum Orchester bal wéi eng Ballerina erop an erof iwwert d’Danzpist gedänzelt ass. Den Applaus vun alle Schëffsgäscht fir dës Nummer war verstandlecherweis ganz grouss. (j-lo)