Am Joer 2023 feiert d‘Harmonie Äischen hiren 125ten Anniversaire. Den Optakt vun de Feierlechkeete war de Gala Concert vun der Jubilargesellschaft Freides a Samschdes, den 21. an 22. Abrëll 2023, am Centre Culturel Jean Wolff zu Äischen.
No der Begréissung vum President vum Organisatiounscomité, dem Robert Weyland, huet mam Optrëtt vum Jugendensembel ënnert der Leedung vum Yasmine Leches de Gala Concert mat de Wierker Spectacular Music Show, Power Rock a Funkytown ugefaangen. Fir hir Leeschtung kruten déi jonk Musikantinnen a Musikanten de wuelverdéngten Applaus.
Mat engem aussergewéinleche Programm, zesummegestallt vum Dirigent Claude Schlim, huet d'Äischener Harmonie duerno d’Suite vum Programm iwwerholl mat folgende Wierker: Sympatria vum Thomas Asanger, Elisabeth vum Michael Kunze, When I fall in Love vum Victor Young, The Girls of Jobim vum A.C. Jobim, On the Sunny Side of the Street vum D. Fields, The Phil Collins Collection arr. Peter Kleine Schaars, Someone to watch over me vum George Gershwin, Total Toto arr. Klaas van der Woude, No one Else vum Dave Malloy, The Best of Robbie Williams arr. Guido Rennert, A Million Dreams vun Benj Pasek/Justin Paul arr. Jean Claude Braun a Celebration vu Cool and the Gang arr. Jan van Kraeydonk.
Zesumme mat de Musikantinnen a Musikanten vun der Harmonie Äischen konnten d’Sängerin Esther Conter, wéi och de Sänger Armand Thies, mat enger ganz gudder Dictioun, hiren exzellente Stëmmen esouwéi hirer Presenz op der Bühn musikalesch iwwerzeegen. Déi vill Nolauschterer (2x Full House) ware begeeschtert an hunn mat enger " Standing Ovation" fir dësen exzellente Concert Merci gesot.
Zum Ofschloss huet d‘Presidentin vun der Äischener Musek, Peggy Klein, allen Acteuren, Sponsoren a Sympathisanten Merci gesot, an e Cadeau iwwerreeche gelooss un d’Dirigenten an d‘Solisten esou wéi och un de Nello Zigrand, deen wéi gewinnt duerch de Programm gefouert huet.