Presidentewiessel an de Grondschoule vun der Regionaldirektioun Dikrech

Veianen. All fënnef Joer fannen an de Grondschoulen zu Lëtzebuerg d’Wale vum Schoulkommitee statt, wou dann och uschléissend ee gewielte Vertrieder vum Léierpersonal d’Funktioun vum Schoulpresident iwwerhëlt. De President suergt, zesumme mat der zoustänneger Regionaldirektioun fir de reiwungslosen Oflaf vum Schoulalldag, ass den direkte Lien zu de Schoulpartner an erleedegt zesumme mat séngem Kommitee eng Hellewull vun administrativen an organisatoreschen Aarbechten, virun allem am Zesummenhang mat der alljärlecher Schoulorganisatioun.

An der Regioun Dikrech sinn alles an allem 13 Schoulkommiteen aktiv, verdeelt op 12 Gemengen an ee Schoulsyndikat.


Bäi Geleeënheet vun hirer letzter Conférence des Présidents viru kuerzem an der Larei zu Veianen huet de Regionaldirekter Gérard Roettgers den dräi scheedende Presidente Françoise Dondlinger (Buurschent), Giusy Leone (Schieren) a Lucien Weis (Ierpeldeng-un-der-Sauer) Merci gesot fir hire laangjäregen Asaz am Sënn vun hirer Schoul an de Kanner an déi gutt Zesummenaarbecht iwwert all déi vergaange Joren. Si dräi trieden ab der Rentrée am Hierscht dëses Joers net méi un a et wäerten nei Kolleeginnen aus deene concernéierte Schoulen d’Relève als Presidentin vum Schoulkommitee iwwerhuelen. Mat engem gemittlechen Iessen zu Veianen ass den Owend ausgeklong.


Photo: D‘Françoise Dondlinger, de Lucien Weis an d’Giusy Leone (1.Rei, 3. – 5. vu lénks) hunn Abschied gefeiert an der Ronn vun de Schoulpresidenten aus der Regioun Dikrech.


Gérard Roettgers