Erfollegräichen Ofschloss vum Stage als Enseignant - Feierstonn zu Dikrech

Dikrech. Am Laf vum Schouljoer 2021 – 2022 hunn 22 Stagiaire-Fonctionnairen hire Stage a verschiddene Schoulklasse vun deenen 13 Gemengen an der Regionaldirektioun Dikrech absolvéiert. Niewent theoretesche Coursen um Institut de Formation de l’Éducation nationale (IFEN) hunn déi jonk Enseignanten awer och, ënnerstëtzt vun hire Conseillers pédagogiques, vill praktesch Erfarunge sammele kënnen um Terrain. Fir deene neie Membere vum Léierpersonal fir hir gutt Aarbecht an de Succès am Stage ze felicitéieren, huet d’Regionaldirektioun Dikrech viru kuerzem op eng kleng Receptioun invitéiert, wou d’Madame Vicky Witry, responsabel Directrice adjointe fir d’Stagen, an hirer Usprooch virun allem op déi gutt professionell Entwécklung an dat perséinlecht Wuesse vun deene jonke Léierinnen a Schoulmeeschter wärend dem Stage agaangen ass. E grousse Merci goung un d’Adress vun de pedagogesche Begleeder vun de Stagiairen, déi sech vill Zäit an deene leschte Méint geholl hu, fir hir Stagiairen optimal op de Beruff als Enseignant virzebereeden.

Mat engem gudde Patt gouf ofschléissend op déi wuelverdéngte grouss Vakanz ugestouss, déi déi frësch gebake Fonctionnairen, no der Assermentatioun dëser Deeg duerch de Minister Claude Meisch, mat Sécherheet genéisse wäerten.

Gérard Roettgers