D'Ettelbrécker Grondschoulkanner spenden un d'UNICEF

Am Mee vun dësem Joer hunn d’Schüler aus dem Cycle 4 vun der Ettelbrécker Grondschoul wärend zwee Owender hir grouss Concert-Show „Believe in yourself“ am CAPE virun engem begeeschtere Publikum opgefouert.


D’Kanner haten zesumme mat hiren Enseignanten ënnert der kompetenter Leedung vum Mim Weisgerber d’Lidder an d’Dänz méintelaang fläisseg astudéiert a geüübt.


Mat der dynamescher Ënnerstëtzung vum Sänger Khalid Oke, engem fréiere Schüler aus der Schoul Ettelbréck, hunn d’Kanner an hirem Optrëtt op der Bün gewisen, datt jidderee fest u sech gleewe soll an domat seng Dreem erreeche kann.


Am Kader vun enger klenger sympathescher Feierstonn viru kuerzem hunn d’Schoulkanner aus dem Cycle 4, a Presenz vum Ettelbrécker Schäfferot a vun der Regionaldirektioun de ganzen Erléiss vun hirer flotter Concert-Show dem Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen UNICEF gespent. Bei der Scheckiwwerreechnung hunn de Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf an de Regionaldirekter Gérard Roettgers d’Kanner an hir Enseignante fir dee gelongenen Optrëtt felicitéiert a si fir hiren Asaz an hiert soziaalt Engagement gelueft.


D’Madamm Sandra Hopp vun UNICEF Lëtzebuerg huet den Ettelbrécker Schüler ee grousse Merci fir dëse generéisen Don gesot an ënnerstrach, datt mat dëse Sue ville Kanner ka gehollef ginn, déi a Länner liewen, wou Krich a Misere existéieren.


(Text:Jean Kasel / Photo: Andrea Vicente)