Pensiounsfeier zu Dikrech - 12 Enseignante kruten Äddi gesot

Dikrech. Am Kader vun enger klenger Feier huet d’Grondschouldirektioun Dikrech dëser Deeg 12 Membere vum Léierpersonal aus de Schoule vu Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Feelen, Schiren an Tandel an déi wuelverdéngte Pensioun geschéckt, ënnert hinnen och zwee Schoulpresidenten. A senger Usprooch ass de Regionaldirekter Gérard Roettgers kuerz op déi vill Changementer an Erausfuerderungen déi läscht Joren am Enseignement agaang an huet sech an deem Kontext belueft iwwert d’Upassungsfäegkeet, den Engagement an déi vill a gutt Aarbecht vun de geéierten Enseignanten am Déngscht vu ville Generatioune vu Kanner. Als Zeeche vun der Unerkennung hunn d’Membere vun der Direktioun deenen 12 Pensionnairen e klenge Kaddo iwwerreecht an hinnen eng schéin a laang Pensioun gewënscht. Mat engem gudde Patt Schampes gouf ofschléissend op déi nei Liewensetapp ugestouss.


Gérard Roettgers