Trotz der Pandemie: D’„Équipe Hesper Kaffisstuff“ spent 15.500 €

E Sonndeg, den 22. Mäerz 2020 hätt zu Hesper am CELO di 43. Hesper Kaffisstuff mat Mëttegiessen, Tombola a Verkafsstänn sollten ofgehale ginn. Du koum awer de Covid 19 dertëschend an a leschter Minutt huet d’Fest missten ofgesot ginn.

Dee Moment waren awer d’Lousen fir di grouss Tombola scho verkaaft a vill Donen an der Keess. Och de Verkaf vu Kichelcher, Masken, Limoncello, Gebeess an Handaarbechten ass nach iwwert den Dag vun der geplangter Kaffisstuff eraus, weidergelaf. A well grad an dëser komplizéierter Zäit Solidaritéit a Matgefill wichteg sinn, huet d’Équipe Hesper Kaffisstuff decidéiert eng Scheckiwwerreechung ze organiséieren, och ouni dass e Basar war!

Bei der Scheckiwwerreechung vum 30. September 2020 konnten doropshinn a Präsenz vum Député-Maire Marc Lies a vum Paschtouer Pit Faber am Ganzen 15.500 € op fënnef sozial Wierker verdeelt ginn, an dat un de Bieschbecher Atelier, d’Fondatioun Lëtzebuerg-El Salvador, OTM Haïti, de Bistrot Social „Le Courage“ an de Kanner- a Jugendtelefon.