D’Ekipp Hesper Kaffisstuff verdeelt 15.000 €

E Sonndeg, den 10. Mäerz 2024 war zu Hesper am CELO d’„Hesper Kaffisstuff’“ mat Tombola a Verkafsstänn mat Handaarbecht a Gebeess, Pâtisserie a Gedrénks.

Bei der Scheckiwwerreechung am Centre Nicolas Braun a Presenz vum Député-Maire Marc Lies, séngem Schäfferot an en etleche Konselljeeën konnten doropshinn 15.000€ verdeelt ginn, an dat zu gläichen Deeler un Eng oppen Hand fir Malawi, de Päerdsatelier/Liewenshaff an u Wonschkutsch. Di verschidden Organisatiounen, déi jiddereng e Scheck vu 5.000€ kritt hunn, hate bei dëser Geleeënheet d’Méiglechkeet sech an hir Projete virzestellen. Si hunn hir Aarbecht um Terrain beschriwwen an domatt d’Gäscht vun dëser sympathescher Feier déif beandrockt.

Beim Eierewäin - offréiert vun der Gemeng Hesper - ass de gemittlechen Owend ausgeklongen.

En häerzleche Merci alle Leit déi och dëst Joer d’„Hesper Kaffisstuff“ op di eng oder aner Manéier ënnerstëtzt hunn.