D’Equipe Hesper Kaffisstuff verdeelt 15.600 €


E Sonndeg, de 27. Mäerz 2022 war no zwee Joer Paus - bedéngt duerch d’Coronakris - zu Hesper am CELO endlech erëm eng „Hesper Kaffisstuff’“ mat Tombola, Verkafsstänn mat Handaarbecht, Gebeess, Pâtisserie a Gedrénks.

Bei der Scheckiwwerreechung vum 13. Juni 2022 konnten doropshinn a Präsenz vum Député-Maire Marc Lies, der Madamm Diane Adehm an dem Här Georges Beck aus dem Schäfferot a vum Här Paschtouer Pit Faber am Ganzen 14.000 € verdeelt ginn, an dat u Catch a Smile, Médecins du Monde, SCAP a „Pëtzer fir de Senegal“. Direkt no der Kaffisstuff ware scho 1600 € a Form vun Akafsbongen fir geflüchtet Leit aus der Ukrain, déi elo an der Hesper Gemeng wunnen, verdeelt ginn.