18.000 € vun der « Équipe Hesper Kaffisstuff » fir sozial Wierker !

E Sonndeg, den 31. Mäerz 2019 war zu Hesper am Centre Civique di 42. Kaffisstuff. Et gouf e Mëttegiessen zervéiert, eng Hällewull Tombolaslousen a vill Handaarbechten, Pâtisserie, Gebeess a Wäffelcher verkaft. De ganzen Dag iwwer huet di äerdeg Équipe Hesper Kaffisstuff beschtens fir Iessen an Drénken gesuergt.

Wann et dëser Équipe méiglech war, fir di lescht Joeren regelméisseg 18.000 € ze verdeelen, da well ganz vill Leit d’Kaffisstuff Joer fir Joer mat Tombolasgewënner, Donen a perséinlechem Asaz ënnerstëtzen. Och wann et hautzudags ëmmer méi schwiereg gëtt, fir Benevoler zesummenzekréien, fir esou eng Manifestatioun wéi d’Kaffisstuff op d’Been ze stellen, hoffe mir dach, datt si nach eng Rei Joeren bestoe kann, fir Mënschen an Nout zu Lëtzebuerg an am Ausland ënnert d’Äerm ze gräifen.

Bei der Scheckiwwerreechung vum 20. Juni 2019 am Centre Nicolas Braun zu Hesper, wou den Éirewäin vun der Hesper Gemeng offréiert gouf, konnte véier sozial Wierker en Don vun 4.500 € kréien: Action Lutte contre la Pauvreté (ACP), Association Thérapie Équestre, Parkinson Luxembourg a Pharmaciens sans Frontières.