Groussen Undrang beim André Citroën Club Lëtzebuerg um Bartrénger Duerffest

Vill Leit hunn d'Autoen bewonnert a ronn 50 Leit hu vun der Geleeënheet profitéiert fir en Tour an engem aale Citroën ze maachen.

Dat war dëst Joer esou e groussen Erfolleg well mywort.lu eis Aktivitéit och am Lëtzebuerger Wort annoncéiert hat. Esou guer Leit, déi mat Bartréng näischt ze dinn hunn, hu sech dohin deplacéiert, wéi zum Beispill e Citroënnist vu Bitburg!

Wann dat keng fei Saach ass !