Den André Citroën Club um Duerffest zu Bartréng

Och dest Joer war den André Citroën Club Lëtzebuerg nees um Duerffest zu Bartréng vertrueden an huet do eng Dozen Autoen ausgestallt. Vun der Deuche iwwert d’Ami 8, der DS an der Tractioun bis hin zum HY war eng ganz Panoplie vu Modeller vertrueden.

D’Lëtzebuerger Post huet esou guer extra e restauréierten HY an och eng 2CV AZU an der grénger Postfaarw ugeliwwert an domat dem Public zougänglech gemaach. Ausgestallt gouf och eng HY als Schampesbar déi vun der Firma Georges Carbon zur Verfügung gestallt gouf. Dëse flotten mobile Comptoir, e richtegen „eye-catcher“, kann een och Privatzwecker lounen (www.oldtimerbus.lu).

Eise Frend Guy huet ausserdeem mat sengem Leierkasten fir gudd Stëmmung gesuergt. Doniewt hu vill Leit vun der Geleeënheet profitéiert fir en Tour an engem aale Citroën ze maachen.