Den André Citroën Club um Duerffest zu Bartréng (mat Vidéo)

Och dest Joer war den André Citroën Club Lëtzebuerg nees um Duerffest zu Bartréng vertrueden an huet do ronn 20 Autoen ausgestallt. Vun der Deuche iwwert d’Ami 6, der DS an der Tractioun bis hin zur SM ware quasi all Modeller vertrueden. D’Lëtzebuerger Post huet esou guer extra e restauréierten HY an der grénger Postfaarw ugeliwwert an domat dem Public zougänglech gemaach. Ausgestallt gouf och eng Coque vun enger 2CV a séngem Chassis déi am gaang as restauréiert ze gin a wou een sech e Bild vum Opwand maache konnt waan een daat „selon les règles de l’art“ mecht. Doniewt hu vill Leit vun der Geleeënheet profitéiert fir en Tour an engem aale Citroën ze maachen.

Kuckt Iech d’Fotoen an de Vidéo un, well et as derwärt !