20 Joer André Citroën Club Lëtzebuerg

Den André Citroën Club Lëtzebuerg feiert dëst Joer sain 20. Annivesaire. Den Optakt gouf gemaach den 1. Mee mat dem traditionnellen "Tour de Dégommage". Rendez-vous war zu Jonglënster beim Garage Petrymobil wou et e formidabelen Café-croissant gouf. Dono huet de Wee duerch eist wonnerschéint Ländchen op Rippeg gefouert wou am flotte Kader vum Restaurant "Beim waisse Schwain" den Apéritif erageholl gouf. No dem Iessen am "Schloss Niederweis" an Daitschland, as et Richtung Rosport an den Musée Henri Tudor gaang. No der interessanter an interaktiver Visite as den Dag bei engem gudde Pättchen am Kultuerhuef zu Grevemaacher ausklénke gelooss gin.

De nächste Rendez-vous gët de Club iech Sonndes den 7. August zu Bartreng um Duerffest. Do kënn der d'Autoen bewonneren an esou guer en Tour dra maachen!