Éierung vun de Jubilaren
Viichten: Wéi dat sech bei de Seniore Frënn Viichten zënter laange Joeren schon zur Traditioun gehéiert, konnten d‘Memberen vum Viichtener Senioreveräin e puer Deeg viru Chrëschtdag en edlich flott Momenter mateeneen verbrëngen. Nom Apéritif huet jidderreen sech de festliche Menü och gut schmaache geloos. Am Verlaaf vun deser schéiner Chrëschtfeier war et fir d’Presidentin Triny Mathgen eng besonnesch Freed fir allen Senioren schéi Chrëschtdeeg an Alles Guddes fir dat neit Joer bei gudder Gesondheet ze wënschen. Mat engem klenge Kado si folgend Jubilaren zu hirem Gebuerstdag geéiert gin: Fir 90 Joer: Zenner Triny. Fir 80 Joer: Heirandt Jeanny, Recken Netty an Schmit Roby. Fir 75 Joer: Adam Josy, Gonderinger Jeanny an Wald Lucie. Fir 70 Joer: Schannel Jacqueline. Folgend Jubilarin, déi nit konnt bei deser Feier derbéi konnt sin, ass och gratuléiert gin. Dat war Noben Hilde fir hir 85 Joer. Sëcherlich zefridden konnten d’Senioren vu Viichten no e puer onvergiesslicher Stonnen a gudder Ambiance, eng kleng Unerkënnung fir Chrëschtdaag mat Heem huelen. (CR) (Foto: Charles Reiser)