Happy Birthday fir 19 Jubilaren am HPPA Réiden/Atert


Réiden/Atert: Festlich an passend zur Adventszäit gerëscht, war de Festsall, wou am Kader vun enger schéiner a läschter Feier fir dest Joer nit manner wi 19 Matbewunner am Home pour personnes agées“ Saint François zu Réiden/Atert mat engem Kado an enger Rous géiert gi sin. No de Wierder vu Wëllkomm huet den Home- Direkter Dany Oestreicher all denen Jubilaren, déi an de Méint September, Oktober a November gebuere sin, Gratulatiounen an di bäschte Glëckwënsch vun der Direktioun mam ganzen Personal iwerbruecht, awer och de Familljen vun den Gebuertdagskanner, merci gesoot fir hir Presenz. Den Entertainer Rom Thielen huet mat flotter Danzmusik fir gut Stëmmung am Sall gesuergt. E Glas Crémant, e gut gefëllten Teller mat engem Stéck Gebuertsdagskuch hun och zu deser flotter Feier bäigedroen. No e puer angenehmer Stonnen huet dess schéi Gebuertsdagsfeier hiren würdigen Ofschloss fond. D’Jubilaren vum Mount September: Frank- Bildgen Josette (83 Joer), Konter- Gras Raymonde (90), Peschon-Demuth Renée (84), Schuh- Nothum Irma (95), Zigrand Yvon (73) an Simon- Fettes Andrée (80). Mount Oktober: Chaussy Georg (85), Sr. Léonie (90), Braun- Kartheiser Anna (82), Calmes- Hatz Suzette (98) an Pletschette- Schmitz Marie- Thérèse (85). Mount November: Bernard-Käfer Mathilde (84), Schaus Jean (95), Thilmany-Schroeder Margot (84), Fasbinder- Servais Eliane (100), Schiltz- Neu Anne (93), Duschinger Erika (91), Wandrey Dieter (85) an Sanavia Albert (92). (CR) (Foto: Charles Reiser)