Grouss Bamplanzaktioun mat de Schüler aus der Kietschter Grondschoul
Rammerich: Am Kader vun enger gréisserer Bamplanzaktioun, hun d’Schülerinnen a Schüler aus dem Zykel 4.2 vun der Kietschter Grondschoul bei der Gestaltung vun engem klimafitte Bësch aktiv mat Hand ugepaakt. Esou hun sie Eechen, Buchen, Elsbeeren an e puer Esskastanien op enger Parzell am Rammericher Gemengebësch geplanzt. Op dëser Fläch stungen virun engem Joer nach Fichten, déi awer dem Klimawandel zum Opfer gefall sin. Als Optakt vun deser Planzaktioun huet de Fieschter Serge Hermes deenen Jonken eng sëlligen Informatiounen iwert den Impakt vum Klimawandel op den Bësch gin. Doriwer eraus huet hien hinnen anschaulich erklärt, datt duerch d‘Erhaalen respektiv d’Förderung vun der Bamartenvielfalt seng Resilienz gestärkt gëtt. Dess naturpädagogisch Aktioun ass eng Gemeinschaftsaktioun vun der Gemeng Rammerich, der Kietscher Grondschoul an der Naturverwaltung. Zum Schluss vun där Planzaktioun huet d’Gemeng Rammerich, d’Schülerinnen a Schüler als Merci op de verdingte Choky mat Croissant invitéiert. Och d‘Madame Buergermesschter Myriam Binck mam Schëffen Mike Bolmer a Konseillier Tom Wanderscheid hun bei deser naturverbonnener Planzaktioun och Interesse gewissen a jidderengem Merci gesoot déi bei deser flotter Aktioun matgemeet hun. (CR) (Foto: Charles Reiser)