Réiden/Atert: Zënter dem 19. September 2022 verbrëngt den Emile Peller vu Gréivels zesummen mat senger Fra Céline säin Liewensowend am „Home pour personnes agées Saint François“ zu Réiden /Atert. Et war och do, wou den Emile säin 95. Gebuertsdag am Kader vun enger schéiner Feier konnt begouen. Am Numm vun der Direktioun a vum gesamten Pflegepersonal huet d’Françoise Erpelding dem Jubilar mat enger schéiner Corbeille Blummen och häerzlich zu sengem Gebuertsdag gratuléiert a fir Zukunft nëmmen dat Allerbëscht gewënscht. Den Emile Peller huet d’Liicht vun der Welt den 17. Dezember 1929 als jëngsten vu 5 Kanner vum Pierre Peller a Suzanne Grashoff zu Gréivels, erblëckt. Am Joer 1952 huet den Emile bei engem Kinos- Besuch zu Réiden seng zukünftig Fra, Céline Knaus känne geléiert an den 25. Mee 1956 sin di zwee och zu Réiden bestued gin an hun och vun dunn un zu Gréivels gewunnt. Si krûten 3 Kanner: Marco, Christiane a Joëlle. Nô an Nô ass d’Famill mat 6 Enkel- an 5 Urenkelkanner méi grouss gin. Den Emile huet vu jonkem un bis zu senger Pensioun 1987 bei der demoliger Bau- Firma vu sengem Brudder Léon Peller, geschafft. Besonnesch stolz dropp ass hien, op Grond vu sengem Beruff, jidderengem vu senge Kanner engt Haus konnt bauen an douzou och Schlässer, sou och d’Veianer Schlass, renovéiert . Zu senger Fräizäit huet och d’Juegd gehéiert. No der Presentatioun vun engem flotten Album aus vergaangen Zäiten war et um Buergermeeschter Pol Engel, den mat sengem Schëfferot a Marc Goelff present war fir d’Gratulatiounen am Numm vun der Gemeng Grousbuss- Wal ze iwerbrëngen. Natirlich huet de Chrëschtkado an di schéi Corbeille als Unerkënnung och nit gefeelt. Och de fréieren Buergermeeschter Jang Ferber huet gratuléiert an dem Gebuertsdagskand engt schéint Gedicht virgedroen. Duerno ass zesummen mat der Famill d’Glas erhuewe gin an mat engem Happy Birthday op den 95. Gebuertdag vum Emile Peller geprost gin., (CR (Foto: Charles Reiser)