Rousen a Kadoen fir 37 Gebuertsdagskanner aus dem HPPA- Réiden/Atert


Réiden/Atert: Fir 37 Matbewunner, déi zëschent Juni an August Geburtsdag feiere konnten, waren di drëtt gemeinsam Feier zesummen mat de Familien am Home Saint François zu Réiden/Atert e puer schéi Momenter vu flottem Zesummesin. No de Glëckwënsch vum Direkter Dany Oestreicher mat sengem Personal, hun d’Jubilaren sech gefreet fir klenge Kado oder di rout Rous déi si zum Éierendag geschenkt kritt hun. Mat engem Glas Crémant an engem kräftigen Happy Birthday ass op desen Nommëtteg ugestouss gin. Duerno huet den Entertainer Willy wi gewinnt mat flotter Danzmusik fir bëscht Stëmmung am schéi gerëschte Sall gesuergt. Nodeem dat de gut gefëllten Teller jidderengem gut geschmaacht huet, ass de groussen Gebuertsdagskuch opgeschnidde gin. Zesummen mat enger Taass Kaffi huet dess Geburtsdagsfeier a flotter Gesellschaft hirt würdigt Ënn fond. D’Jubilaren vum Mount Juni: Léonie Meyer- Pint (88 Joer), Michel Meis an Maria Wald- Wagener (82), Jean Joseph Schmitz (87), Catherine Gereke- Schmit (92), Jean Emile Welter (80), Renée Wagener - Haas (90) an Anne Reylinger- Sabus (92). Mount Juni: Elise Reiser- Agnes (88), Laure Wagner- Patron (83), Marie- Josée Noesen- Weyler (86), Céline Peller- Knaus (89), Louise Bildgen- Kohl (96), Julie Mélanie Boden- Claude (97), Marie- Madeleine Meyers (81), Henri Heidesch (83), Jos Lang (82), Lucien- Jean- Pierre Colbett (89), Léon Weyland (89), Irène Didier (92), Pierre Braun 79), Andrée Schaus- Reisen (87) an Marcel Risch (88). Mount August: Elvire Pletschette- Thomas (80), Albertine Ries- Majerus (84), Jeanny Haas- Bockler (78), Marie- Louise Schiltz- Schwartz (79), Léonore Jacoby- Thill (81), Mätty Gerekens (83), Jeanne Bintener- Leytem (85), Julie Wohl (93), Liliane Hebeler- Fincoeur (88), Margot Hoffmann- Clesen (85), Georgette Elsen- Degros (90), Alphonsine Schreiber- Trierweiler (84), Nicole Eugénie Sinner (79) an Sr. Aurelia Mores (89). (CR) (Foto: Charles Reiser)