Raymonde Konter- Gras huet hiren 90. Gebuertsdag gefeiert


Réiden/Atert: Zënter dem 1. Dezember 2016 verbrëngt d’Raymonde Konter - Gras hiren Liewensowend bei gudder Gesondhheet am Homme pour personnes agées St. François zu Réiden/Atert. Als drëttjëngste Duechter vun 9 Kanner, aus dem Bestiednis vum Nicolas Gras an Maria Glesener, huet d’Jubilarin den 11. September 1934 d’Liicht vun der Welt zu Närden erblëckt. D’Hochzäit mam François Konter, den bei der Arbed geschafft huet, war am Mee 1959. Si hun zesummen mat hirem Jong an hirem Meedchen zu Närden gewunnt. Mat der Zäit huet sech d’Famill Konter- Gras ëm zwee Enkelkanner vergréissert. Nom Doud vun hirem Mann François, den 15. Februar 1983 huet d’Gebuertsdagskand engt neit Liewen wärend 36 Joer mam Mett Muller vu Roodt/Réiden ugefaangen, den leider och den 31. Mee 2019 verstuerwen ass. Am Kader vun der Gebuertsdagsfeier war et den Home- Direkter Dany Oestreicher, den als alleréischten am Numm vun der Direktioun mam ganzen Pflegepersonal an a Presenz vun der Generaldirektioun mam Christian Ensch, d‘Gléckwënsch vum Haus mat schéine Blummen konnt iwerbrëngen. Als zweeten war et de Schëffen Claude Loutsch, den och mat engem Kado am Numm vun der Gemeng Bieckerich gratuléiert huet. Fir d‘Gemeng Réiden/Atert, vertrueden duerch de Gemengen- a Schëfferot war et eng besonnesch Éier fir de Buergermeeschter Henri Gerekens, dem Raymonde Konter- Gras mat der Iwerreechung vun enger Corbeille die allerbëscht Gléckwënsch ze iwerbréngen a weiderhin Alles Guddes fir Zukunft ze wënschen. Duerno ass zesummen mat der Famill, d’Glas erhuewe gin an op den 90. Gebuertsdag geprost gin. (FOTO: Charles Reiser)