Dikrech: E flotten Nommëtteg konnten di ronn 200 Senioren zesummen an der Adventszäit an der passend zur Chrëschtzäit gerëschter Seeërei zu Dikrech zuder d’Amicale fir den drëtten Alter“ zesummen mat der Gemeng Dikrech op d’Chrëschtfeier agelueden haaten. No sengen Wierder vu Wëllkomm huet de President Pascal Balthasar Merci gesoot fir d’Kommen an op di wertvoll Ënnerstëtzung vun der Gemeng higewissen. Desweideren huet de President en Opruff gemeet fir sech un de Portes Ouvertes mat allen ugebuedenen Aktivitéiten ze bedeeligen. Och de gudden Service iwert den ganzen Nommëtteg, wou di vill Leit esou richtig verwinnt goufen, gouf Merci gesoot. Fir de musikalischen Deel mat flotter Danzmusik, huet die Orchester „EverDance“och bäschtens gesuergt. Am Verlaaf vun deser schéiner Feier war es och eng grouss Éier vun de Leit aus dem Comité mat hirem President, fir de Scheck vun 2500 Euro, den, den Erléis vun der „Journée du GrandÂge“ duerstellt, weider ze gin. Mat hirem oprichtigen Merci huet d’Nelly Nash- Schilling, am Numm vun der „Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn“ (ASA)-dess Spend gären entgéint geholl an d‘Projeten vun der Vereenegung ouni Gewënnzweck kuurz virgestallt. Ziel vun ASA ass déi, fir d’Ausbildung vun Assistenzhonn ze garantéieren, déi intergral vu Spendergelder finanzéiert gin, fir se dann weider ze vermëttelen. D’Uschaffungskäschten fir en Hond vun der Rass Golden Retriever belaafen sech iwer 17.000 Euro. Och de Buergermeeschter Charel Weiler a Presenz vum Schëffen- a Gemengerot huet op den Erfolleg vun deser schéiner Chrëschtfeier higewissen an schon am Virfeld alle Senioren schéi Feierdeeg an eng gesond neit Joer gewënscht. No e puer angenehmer Stonnen huet dess flott Feier hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)