Marie- Claire Rasqué- Dolizy huet seng 70 gefeiert


Uewerkolpech: Zesummen mat der Famill a Bekannten huet d’Marie- Claire Rasqué- Dolizy viru kuurzem säin 70. Gebuertsdag gefeiert. Marie- Claire Dolizy ass den 3. Juli 1954 zu Amadi (Kongo) als dat eelst vu 4 Kanner vum Edouard Dolizy an Yvonne Harpes op d’Welt komm. Den 7. September 1978 ass Hochzäit gefeiert gin mam Franz Rasqué vun Houschtert (Réiden) den bei der Firma Wantz zu Nojem wärend 38 Joer geschafft huet. Aus hirem Bestiednis sin véier Jongen erviergaangen. Dräi Enkelkanner zielen haut zum Stolz vun der Famill Rasqué- Dolizy. Der Jubilarin hir Fräizäit ass ëmmer gut gefëllt mat villen Aktivitéiten bei der ACFL Par Aterdall Sainte- Claire, Foi et lumière, Foulard blancs an och an der Par Aterdall selwer. Dobéi könnt nach niewt dem Stood doheem, Bitzen a Brodéieren. Bei Kaffi, Kuch an Taart den 70. Geburtsdag vum Marie- Claire am klenge Krees Doheem gefeiert gin. Den Don vun 1000 Euro ass fir de Waasser Projet zu Madagaskar vun de Pateren mam Frère Josef Randrianaimanga vu Clairefontaine . (CR) (Foto: Charles Reiser)