Viru kuerzem war de Sängerbond Museldall fir en Optrëtt am Fleegeheem „Op Lamp“ zu Waasserbëlleg. Ënnert der Direktioun vum Viviane Kohn-Hames an begleet um Piano vum Maté Sütö huet déi bekannt Chorale déi schéinste Seemannslidder aus hirem Programm virgedroen. Folgend Lidder hu si gesongen: Heute geht es an Bord, Nimm uns mit Kapitän auf die Reise (Solo Yvon Streff), Junge komm bald wieder (Solo Georges Mahnen), The Spanish Ladies (Solo Remi Turpel), Kleine weiße Möwe (Solo Raymond Thinnes), Hein spielt abends so schön auf dem Schifferklavier an Das ist die Liebe der Matrosen.
Den Här Michel Kohn sot am Numm vun der Chorale villmols merci fir d'Invitatioun a merci fir de flotten Empfang. D’Mme Merges vun der Amicale Op Lamp huet dem Haus an der Kichen och merci gesot fir Virbereedungen vum Empfang.