Leschten Donneschdeg gouf an der Résidence Op Lamp zu Waasserbёlleg Fuesent gefeiert. Den Dag huet ugefaange ёm 11 Auer 11 mat engem Ëmzuch duerch t´Haus, virweg mam dёsjärege Prёnzekoppel. Ganz vill Bewunner, Mataarbechter a Familljememberen hu beim Ëmzuch matgemaach a mat kreativen a faarwege Kostümer fir eng gutt Stёmmung gesuergt.
Nom Ëmzuch ass et ёm 15 Auer 30 am wonnerschéin dekoréierte Festsall vun der Résidence Op Lamp weidergaange mat dem Fuesbal. Musekalesch encadréiert gouf den Nomёtteg vum Romain Thielen, den d´Nolauschterer mat ville bekannte Fueslidder animéiert huet fir mat ze sangen a fir mat ze danzen.
En Héichpunkt vum Nomёtteg war den humoristesche Sketch vun der Mme Germaine Fettes a vum Markus Niggemann. Mat vill Witz a Charme hunn si d´Publikum zum Laache bruecht.
Begeeschtert waren d´Nolauschterer och vum Optrёtt vum „Funkemariechen“ a vun der „Jugendgarde vum Karnevalsverein Sandhoasen vun Trassem“ (D). Mat impressionanten akrobateschen Dänz hunn si fir Begeeschterung gesuergt.
De Fuesbal an der Résidence Op Lamp war erёm e vollen Erfolleg an huet de bedeelegte Bewunner an hire Familljememberen en onvergiesslechen Dag gebueden. D´Melange aus Musek, Humor an Danz huet fir bescht Stёmmung gesuergt.