Joresversammlung vun der Amicale Op Lamp den 08. Juli 2024

No der Begréissung duerch de President François Warnier huet de Sekretär Jörg Bidinger en Iwwerbléck ginn iwwert d´Aktivitéiten aus dem Joer 2023.

D’Amicale Op Lamp huet sech och am leschte Joer mat finanzieller a perséinlecher Hëllef bedeelegt un insgesamt 17 Evenementer a Concerten am Haus iwwert t’ganz Joer verdeelt. Och um Summerfest vum Fleegeheem an un der Chrëschtfeier huet d’Amicale aktiv matgewierkt. All Kéier huet hei d’Amicale d’Musek gesponsert.

All Bewunner aus dem Fleegeheem krut vun der Amicale fir säi Gebuertsdag e Bouquet Blumme geschenkt.

Fir verschidde Sortien, wéi d’Oktave, d’Sprangpressessioun, de Betebuerger Park, d’Schueberfouer oder de Chrëschtmaart huet d’Amicale d’Busser bezuelt.

Op der Chrëschtfeier huet all Bewunner e perséinleche Kaddo vun der Amicale krut.

D’Amicale huet dem Haus de „Care – Table“ geschenkt. Domatter ass et beispillsweis méiglech, mat de Bewunner verschidde virtuell Spiller ze maachen oder d’Zeitung an engem ganz grousse Format ze liesen. De „Care – Table“ ass all Woch e puer mol am Asaz.

Beim uschléissende Rapport vun der Caissière, der Mme Mariette Merges, konnt e gesinn, dat d’Amicale Op Lamp finanziell ganz gutt opgestallt ass. Dat gouf vun de Keeserevisoren, den Hären Gilbert Peusch a Vic Kolb, confirméiert. Si haten un der Buchführung absolut näischt auszesetzen. Doropshin gouf dann och d’Caissière vun der Versammlung per Aklammatioun entlaascht.

Déi 2 Keeserevisoren hunn sech bereet erkläert, och am nächste Joer dëst Aufgab ze iwwerhuelen.

D’Versammlung huet mat enger Gedenkminutt un d’Mme Marie-Louise Warnier erënnert, déi de 4. Januar dëst Joer verstuerwen ass. Si war Member vum Comité an och Grënnungsmember vun der Amicale Op Lamp.

No der Virstellung vum Budget 2024 huet d‘Versammlung de Comité entlaascht.

D’Mme Mireille Wirtz als Directrice vun der Maison de Soins an den Här Lucien Bechtold als Vertrieder vun der Gemeng Mertert hunn an hiren Usproochen der Amicale villmools merci gesot fir de groussen Engagement a si hu confirméiert, dat d’Amicale op Lamp e groussen Deel dozou bäitriet fir d’Liewesqualitéit vun de Bewunner am Fleegeheem ze verbesseren. Si hunn de grousse gesellschaftleche Valeur vum Benevolat ernimmt an hoffen, dat d’Zesummenaarbecht mat der Amicale an Zukunft grad esou gutt weidergeet. E spezielle Merci hunn si der Mme Mariette Merges ausgeschwat. Ouni hire grousse perséinlechen Asaz wär villes net méiglech.

No der Versammlung huet d’Direktioun d’Participanten vun der Versammlung op e Patt mat Schnittercher invitéiert.