Pällemsonndeg, den 10 Abrëll 2022, huet d’Société de Chant « Caecilia » Märel-Belair, zesumme mat hire Kollege vun de « Chorales d’Hommes Réunies », zu Märel an der Kierch den Oratorio « La Vie de Jésus Christ », ënnert der Direktioun vum Josée Faltz-Wilmes, mat der Sopranistin Christine Leick, dem Tenor Alex Gebhardt a begleet op der Uergel vum Patrick Colombo, gesongen. D’Märeler Kierch war gutt gefëllt an all d’Leit ware begeeschtert vun dësem wonnerschéine Wierk, dat den Théodore Decker 1906 komponéiert huet an dat hien als säi Liewenswierk gesinn huet. De Patrick Colombo huet et 2016 ëmgeschriwwe fir Männerchouer. Zënter deem hunn « Chorales d’Hommes Réunies Luxembourg » et schon um Cents, zu Monnerech, Miersch, Réimech a Stroossen mat groussem Succès opgefouert. Den Théodore Decker, deen 1851 an der Fiels gebuer gouf, ass als jonke Schoulmeeschter op Vannes an d’Bretagne gaangen, wou hien als Professer fir Däitsch an Englesch am Collège Saint-François Xavier geschafft huet. Doniewent huet hien awer och Musek enseignéiert a virun allem och komponéiert. Bekannt ass hie besonnesch duerch säi Lidd Lauda Jérusalem, dat op Pällemsonndeg a ville Kierchen an der Welt gesonge gëtt. No dem Concert war eng Quête fir « Les Amis de Pirajá », déi sech fir déi Aarem a Basilien asetzen.