De 7 Juni 2018 hat d’Amicale du Personnel Retraité du Groupe ENCEVO, fréier CEGEDEL, hir Memberen an de Restaurant La Tourelle op Stadtbredimus invitéiert fir de 25. Anniversaire vun der Amicale ze feieren. De President Georges Bonifas konnt 95 Membere begréissen an och di Häre Marco Hoffmann, Mario Grotz, Jean Lucius, Marc Reiffers a Claude Seywert vum Groupe ENCEVO. Bei engem excellenten Iessen an enger gudder Ambiance, goufe vill Erënnerungen ausgetosch. Beim Café, gouf de Gebuertsdagskuch vun der Madame Rose Klein an dem Fernand Schinker opgeschnidden, zwee vun de Grënnungsmemberen déi konnte present sinn. Géint 16h30 gong et nees Heem an zwar mam Bus vun der Firma Demy Schandler, déi eis fir dës Geleeënheet hire Bus gratis offréiert hat, als treie Client vun hirem Haus.