No 9 Joer hält de Georges Bonifas als President op.

25 Joer Amicale du Personnel Retraité du Groupe ENCEVO

Bei Geleeënheet vun der 26. Generalversammlung vun der Amicale du Personnel retraité du Groupe ENCEVO, fréier CEGEDEL, déi den 27. Mäerz 2019 zu Esch-Uelzecht an de Raimlechkeete vun der ENCEVO ofgehal gouf, huet de President Georges Bonifas der Direktioun Merci gesot fir hier moralesch, finanziell a logistesch Ënnerstëtzung. Besonnesch huet hien un déi zwou Manifestatiounen am Kader vum 25. Anniversaire erënnert, d’Mëttegiessen de 7. Juni 2018 am Restaurant Tourelle zu Stadbriedemes an d’ Rees mam TGV op Paräis, vum 20. bis den 22. September 2018. Hien huet dann d’Versammlung informéiert, datt hien no néng Joer als President vun der Amicale géif ophale fir engem Jonken, mat neien Ideeën, d’Plaz z’iwwerloossen. Hien wëll awer weiderhin der Amicale enk verbonne bleiwen.

No enger Gedenkminutt un déi verstuerwe Memberen, huet de Sekretär Claude Asorne dem verhënnertem Vize-President Pierre Wilmes säi Rapport iwwert d’Aktivitéite vum Comité am lafende Joer presentéiert. Duerno huet hien, ënnerstëtzt mat Powerpoint-Biller vun deenen eenzelnen Evenementer, nach eng Kéier all Excursiounen a Manifestatioune vum Joer 2018 Revue passéiere gelooss. Hien huet weiderhin och interessant Detailer zu de kommende Manifestatiounen am Joer 2019 ginn.

Nodeems de Caissier René Reiter a sengem Rapport eng gesond finanziell Situatioun presentéiert hat, huet de Roger Faber am Numm vun de Keesekontrollere proposéiert dem Caissier Decharge ze ginn.

Nieft dem Georges Bonifas, huet och de Charel Heusbourg, aus gesondheetleche Grënn, am Comité demissionéiert. Nei an de Comité koumen den Nestor Didelot an de Carlo Polidori. An hierer Fonktioun confirméiert goufen, den Nico Hilbert, René Reiter, Jim Schumann a René Staar. Deemno besteet elo de Comité aus dëse Leit: Asorne Claude, Didelot Nestor, Gorza Camille, Hilbert Nico., Marx Jos., Mirkes Nico., Noé André, Polidori Carlo, Reiter René, Staar René, Schumann Jim, Trierweiler Paul a Wilmes Pierre. Derzou gehéieren och den Éierepresident Josy Reuter an de Georges Reuter, den aktuelle President vun der Personaldelegatioun.

Keesekontroller bleiwe Simmer Fernand, Krein Patrick a Faber Roger.

Als Merci fir déi vill a gutt Aarbecht, déi de Georges Bonifas an deenen néng Joer als President vun der Amicale geleescht huet, krut hien vu senge Comiteeskollegen e passende Cadeau iwwerreecht.

Zum Schluss war et de Robert Graglia, Head of Grid Services bei der Creos Lëtzebuerg, deen der Versammlung e ganz interessanten Exposé iwwert „Smarty, den intelligenten Compteur an eise Netzer“, gemaach huet.