Excursioun vun der Amicale Du Personnel Retraité du Groupe ENCEVO
Donneschdes, de 16 Juni 2022 hat de Comité vun eiser Amicale eng Excursioun op Lasauvage an an de Fond-de-Gras organiséiert. Lass goung et mat enger Visite guidée vu Lasauvage. Hei konnte mir gesinn wat de Schmelzhär, Fernand de Saintignon, alles hei opgeriicht hat fir seng Mineuren a Schmelzaarbechter. Wunnengen, eng Schoul, eng Kierch, een Economa, je alles wat een Duerf gebraucht huet fir autonome ze fonctionéieren. Et muss ee jo wëssen, datt et deemools net esou einfach war fir iwwert de Bierg vu Lasauvage op Déifferdeng, der Gemeng zu där d’Uertschaft gehéiert huet, ze goen. Et war méi einfach fir d’Leit vu Lasauvage op de Maart an déi franséisch Nopeschuertschaft Saulnes ze goen. Kee Wonner, datt zu Lasauvage d’Franséischt d’Haaptsprooch war.
No engem excellente Mëttegiessen am Restaurant Le Presbytère goung et mat der Minièresbunn an de Fond-de-Gras. An der Minière war eng Halt wou mir villes iwwert déi schwéier Aarbecht an der Minière gewuer goufen. Am Fond-de-Gras stoung d’Visite vun der Haal Paul Wurth um Programm mat där imposanter elektrescher Zentral, der Epicerie Victor Bink an d’Installatioune vum Train 1900. Domadder goung, fir déi 40 Leit, déi sech fir des Excursioun ugemellt haten, ee flotten an instruktiven Dag op en Enn.