Konferenz-Liesung mam Lex Roth

En Dënschdeg, den 21. Oktober hat d’Société de Chant « CAECILIA » Märel-Belair op eng Konferenz-Liesung mam Lex Roth invitéiert, mat sengem Buch « de Grof Sigfrid an d’Melusina ». Trotz Reen a Stuerm konnt de President Guy Greivelding eng ganz Partie Leit am Sall Erny Wilmes am Centre Sociétaire zu Märel begréissen.
Am Buch « Sagenschatz des Luxemburger Landes » vum Nick Greth aus dem Joer 1883 steet ee klengen Abschnitt iwwert d’Melusina. Et ass awer ganz kloer, datt een d’Legend vun der Melusina net nëmmen hei zu Lëtzebuerger fënnt. An där Form wéi mir d’Legend hei kennen, kënnt se aus Frankreich, an zwar aus der Géigend vu Lusignan am département Poitou-Charentes. Awer och d’Réimer an d’Griechen hu schon d’Geschicht vun der Fra mam Fësch-Schwanz kannt. Wat eist Melusina esou eenzegarteg mécht, ass den noweisbaren historesche Fong, dee mat der authentescher Grënnong vun der Stad an dem Land Lëtzebuerg zesummenhänkt. Dofir huet den Auteur och drop gehale fir eis erëm un eng Partie Datumer an Tatsaachen aus eiser Geschicht z’erënneren. Hei huet de fréiere Schoulmeeschter a Pedagog geschwat. Hien huet et fäerdeg bruecht op eng passionnant Art a Weis Deeler vun der Geschicht vu Lëtzebuerg opzefrëschen. Als Haaptplat vum Owend huet hien dunn aus sengem Buch « de Grof Sigfrid an d’Melusina » gelies. Et war eng Gellegt fir him nozelauschteren, wéi hien déi honnert Strophe vu sengem Gedicht virgedroen huet.
Zum Schluss huet hien nach eng Kéier seng Iddi présentéiert fir eng Melusina Statue op déi kleng Insel an der Uelzecht op der Héicht vun der Bréck a Clausen ze setzen, do wou an der Touristesaison honnerte vu Leit zu Fouss oder mam Zichelche passéieren. Sécherlech eng gutt Iddi an eng flott Plaz, ma leider schéngt dës Iddi bei den Autoritéiten op daf Oueren ze stoussen.
Mat engem klenge Kado vun eiser Musel huet de President Guy Greivelding dem Lex Roth merci gesot an huet dunn d’Leit op ee Patt, offréiert vun der CAECILA, invitéiert.
PW