Viru kuerzem war d’Generalversammlung vun der Société de Chant CAECILIA Merl-Belair
zu där de President Guy Greivelding all Membren awer och d’Vetrieder vun deenen anere
Choralen aus de « Chorales d’hommes réunies Luxembourg » begréisst huet. Hien huet
awer och missen eng ganz Parti Leit entschëllegen, de Jos. Altmann, President vun de
« Chorales d’hommes réunies Luxembourg », de Romain Henrion Delegéierte vun der
UGDA, den Här Paschtouer Michel Majerus, an d’Madame Martine Mergen
Gemengeconseiller an Deputéierten.
Dono huet hien eng Gedenkminutt ageluegt fir all d’Éierememberen a Frënn, déi eis d’lescht
Joer verlooss hunn.
Et war dunn de Merci un eng ganz Rei vu Leit, ugefaang mat der Dirigentin, dem Josée
Faltz-Wilmes, fir hiert Engagement an déi vill Aarbecht fir datt dee grousse Programm mat
Succès konnt realiséiert ginn. Merci och all de Membere vun deenen anere Veräiner, déi bei
deene villen Aktivitéite present waren. Hiert Engagement weist, datt mir mat de « Chorales
d’hommes réunies Luxembourg » op deem richtege Wee sinn, fir datt och an d’Zoukonft ee
Männerchouer hei an der Stad kann aktiv sinn. Ee Merci goung och un all d’Pianisten, déi eis
an der leschter Saison begleet hunn, un d’Archivare Lambert Houwen a Prosper Mehlen an
un d’Gemeng fir de Proufsall a fir de Subsid, dee mir all Joer kréien.
De Sekretär John Stammet huet duerno de Rapport vun der leschter Generalversammlung
presentéiert, an den Aktivitéitsrapport vun 2015. Aus dësem konnte mir héieren, datt 2015 de
Chouer eng 30 Aktivitéiten hat. Fir dës ze preparéieren, hat de Comité 2 Réunioune plus 4
Réunioune vum Comité inter-chorales.
De Caissier Pierre Wilmes konnt a sengem Rapport eng gesond Finanzsituatioun
presentéieren, dëst trotz engem liichten Defizit.
Nom Rapport vun der Caisse-Kontrollesch Maisy Schommer-Gaudnek, goufen esouwuel de
Rapport iwwert d’Aktivitéite wéi och dee vun der Caisse eestëmmeg vun der Versammlung
ugeholl.
Nodeems de Prosper Mehlen, de John Stammet an d’Danielle Schumacher als Membere
vum Comité confirméiert goufen, huet d’Versammlung de René Bleser, d’Maisy SchommerGaudnek
an d’Gaby Schmitz-Hammerel als Caisse-Kontrolleren erëmgewielt.
Ënnert Divers huet Dirigentin d’Josée Faltz-Wilmes de Sänger Merci gesot fir dee groussen
Asaz am Joer 2015 well et war ee ganz grousse Programm, heiansdo esouguer zwou
Aktivitéiten an engem Dag. Merci sot si och datt bal 90% vun de Sänger ëmmer an de
Prouwe present waren. Fir 2016 hu mir méi ee klenge Programm mat engem Schwéierpunkt,
eng Excursioun op Tallinn an Estland, wou am Kader vum Kongress vun der « Fédération
Internationale des Sociétés Artistiques et Intellectuelles de Cheminots » kuerz FISAIC
genannt, zwee Concerte gesonge ginn, de 17. Juni am russesche Kulturzenter, an den 18.
Juni an der Helleggeeschtkierch. Da sot si awer och ee spezielle Merci, all deene Sänger déi
vu méi wäit kommen a praktesch ëmmer present sinn, awer och dem Ersatzdirigent Fos.
Schuster, deen ëmmer aspréngt wa si net kann do sinn. (PW)