Aus der Generalversammlung vun der Société de Chant « CAECILIA » Merl-Belair
Viru kuerzem war d’Generalversammlung vun der Société de Chant « CAECILIA » Merl-Belair, an där de President Guy Greivelding all Memberen awer och d’Vetrieder vun deenen anere Chorallen aus de « Chorales d’hommes réunies Luxembourg » begréisst huet, besonnesch de Romain Henrion, Delegéierte vun der UGDA. Entschëllegt huet hien de Jos. Altmann, President vun de « Chorales d’hommes réunies Luxembourg » a President vun der USCVL, souwéi den Här Paschtouer Michel Majerus.
Dono huet hien eng Gedenkminutt ageluegt fir all d’Éierememberen a Frënn, déi eis d’lescht Joer verlooss hunn. Besonnesch huet hien un de Remy Weimerskirch an de Roger Brandenburger erënnert, zwou Stäipe vun de « Chorales d’hommes réunies Luxembourg ».
Et war dunn de Merci un eng ganz Rei vu Leit, ugefaange mat der Dirigentin, dem Josée Faltz-Wilmes, fir hiert Engagement an déi vill Aarbecht fir datt dee grousse Programm mat Succès konnt realiséiert ginn. Merci och all de Membere vun deenen anere Veräiner, déi bei deene villen Aktivitéite present waren. Ee Merci goung och un all d’Pianisten, déi eis an der leschter Saison begleet hunn, un d’Archivare Lambert Houwen a Prosper Mehlen an un d’Gemeng fir de Proufsall a fir de Subsid, dee mir all Joer kréien.
De Sekretär John Stammet huet duerno de Rapport vun der leschter Generalversammlung presentéiert an den Aktivitéitsrapport vun 2017. Aus dësem konnte mir héieren, datt 2017 de Chouer eng 31 Aktivitéiten hat, dorënner ee Concert mat Lidder vu Lëtzebuerger Komponisten am Cercle an der Stad, ee Concert mat klassesche Lidder an der Kierch um Cents, ee Concert mat der Big Band vu Märel am Conservatoire, an eis d’Participatioun beim Colette & Fernand Revivel zu Rued Syr a bei der Aweiung vum Funiculaire.
De Caissier Pierre Wilmes konnt a sengem Rapport eng gesond Finanzsituatioun presentéieren
Nom Rapport vun der Caisse-Kontrollesch Maisy Schommer-Gaudnek, goufen esouwuel de Rapport iwwert d’Aktivitéite wéi och dee vun der Caisse eestëmmeg vun der Versammlung ugeholl.
Nodeems d’Madame Dani Schumacher d’Versammlung informéiert huet, datt si aus professionnelle Grënn net méi Member vum Comité wéilt sinn, goufen de Prosper Mehlen an de John Stammet als Membere vum Comité confirméiert an d’Versammlung huet och d’Maisy Schommer-Gaudnek an d’Gaby Schmitz-Hammerel als Caisse-Kontrolleren erëmgewielt.
Duerno huet de Romain Henrion, Delegéierte vun der UGDA, dës Medaillen iwwerreecht, fir hier Aktivitéit an der UGDA: fir 10 Joer, d’Médaille du Mérite en bronze, un den Här Tun Wagner, fir 40 Joer, d’Médaille du Mérite en vermeil, un de Prosper Mehlen a fir 60 Joer d’Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe, un de Pierre Wilmes.
Nodeems Dirigentin d’Josée Faltz-Wilmes de Sänger vu Märel Merci fir dee groussen Asaz am Joer 2017 gesot huet, huet si kuerz de Programm fir 2018 presentéiert, deen och erëm gutt gefëllt ass. Ee vun den Héichpunkten ass de Festival vun der « Fédération Internationale des Sociétés Artistiques et Intellectuelles de Cheminots » kuerz FISAIC genannt, vum 6. bis den 9. September zu Wels an Éisträich. Een aneren Héichpunkt ass d’Opféierung vum Théodor Decker sengem Oratorium « La Vie de Jésus Christ » den 11 November an der Kierch um Cents. Dësen Oratorium gouf extra vum Patrick Colombo fir Männerchouer arrangéiert. Et war eigentlech virgesinn, fir dësen Oratorium fir d’éischt zu Märel an der Kierch ze sangen, awer well verschidde Regestre vun der Märeler Uergel defekt sinn, a keen eis ka soen wéini déi gefléckt ginn, gouf dëse Concert op den Cents verluecht, wat mir als Märeler Chorale bedaueren. (PW)