Um Virowend vum Nationalfeierdag ginn zu Ettelbréck traditionell och d'Leit fir hiert Engagement an engem lokale Veräin geéiert. Dëst Joer waren dat: de Michel Schmitz (Klammspann Ettelbréck, 25 Joer), d‘Claire Rasque-Dolisy, de Franz Rasque, d‘Claire Weny-Lambert, de Fel Weny (Foi et Lumière, 25 Joer) an den Edouard Peiffer (Amiperas, 50 Joer). Si krute vum Schäffen- a Gemengerot e Kaddo iwwerreecht.