Am Kader vun der Aktioun "Les rues au féminin", déi all Joers am Mäerz stattfënnt, huet d'Gemeng Ettelbréck temporär d'Grand-rue ëmbenannt an d'rue Ni Xia Lian an an d'rue Patrizia Van der Weken.
Heimat wëlle mir op déi aussergewéinlech Leeschtunge vun deenen 2 Athletinnen opmierksam maachen.
D'Ni Xia Lian, déi zu Ettelbréck wunnt, spillt zënter Joerzéngten op extrem héigem Niveau am Dëschtennis.
D'Patrizia Van der Weken, déi vu klengem un fir den Ettelbrécker CAPA leeft, huet rezent Lëtzebuerger Sportsgeschicht geschriwwen mat senge Bronze Medaille iwwert 60 Meter Sprint bei der Indoor EM zu Apeldoorn an bei der Indoor WM zu Nanjing!