De 16. Mäerz huet d'Jugend- a Sportskommissioun vun der Stad Ettelbréck de Vëlosdag am Däich organiséiert. An dem Kader huet fir d’éischte Kéier een Charity Indoor Cycling Event stattfonnt. Iwwer 80 Leit hu fir de gudden Zweck an d’Pedalle gedréckt. Um Schluss sinn 1.714 Kilometer zesumme komm. Zousätzlech zu den 5€ Startgeld huet d’Stad Ettelbréck fir all Kilometer 1 € gespent. Um Enn konnten esou 2.200 € un d’Associatioun „Back to Sport“ iwwerreecht ginn.