Ettelbréck am Hierscht

Och am Hierscht huet Ettelbréck vill ze bidden: Hierschtkiermes, verkafsoppe Sonndeger a 25 Joer Ettelbrécker Foussgängerzon. Kommt bis op Ettelbréck a verbréngt deen een oder anere flotten Dag mat ärer Famill a Frënn.


Hierschtkiermes am Däich

Lass geet et den 30. September mat der Hierschtkiermes um Parking am Däich, déi bis den 9. Oktober dauert. Knuppautoen, Schéissbuden, Intefëschen a vill weider Attraktiounen erwaarden Iech. Mat Kiermeskascht an engem gudde Patt beim Kessel, Gromperekichelcher a Kniddelen, Wafelen a gebrannten Nëss ass och fir den Honger gesuergt. Bei der offizieller Ouverture den 1. Oktober däerf natierlech och net den Hämmelsmarsch vun der Ettelbrécker Musek feelen.


25 Joer Ettelbrécker Foussgängerzon

Et sinn dëst Joer genau 25 Joer hier wou déi Ettelbrécker Foussgängerzon opgaangen ass. Dat muss gefeiert ginn! Am Kader vum Hierschtsonndeg, deen den 9. Oktober stattfënnt, wäerten Walking Acts, e flott Karussell fir Kanner a Musek d’Akafsstrooss zu Ettelbréck beliewen.


Mee och an de Geschäfter ginn déi 25 Joer gefeiert. Déi deelhuelend Geschäfter proposéieren Aktiounen déi ëm Zuel „25“ dréinen. Eng Tombola an e Glécksrad ronnen déi flott Offeren of.


Et lount sech den 9. Oktober op Ettelbréck op den Hierschtsonndeg ze kommen an zesumme mat de Geschäftsleit déi 25 Joer Ettelbrécker Foussgängerzon ze feieren. Um 16.00 Auer offréiert den Ettelbrécker Geschäftsverband e Patt an e Stéck Kuch op der Kiercheplaz.


Verkafsoppe Sonndeger zu Ettelbréck

D’Ettelbrécker Geschäftsleit invitéieren iech den 9. Oktober an den 23. Oktober op hier verkafsoppe Sonndeger fir déi neisten Trends vum Hierscht ze entdecken. D’Geschäfter si vu 14.00 bis 18.00 Auer op! Shoppt an enger gemittlecher Atmosphär a genéisst e Patt an e gudde Maufel an engem vun den Ettelbrécker Caféen a Restauranten.