150 Joer Ons Heemecht

Am Kader vun de Feierlechkeeten “150 Joer Ons Heemecht” huet d’Stad Ettelbréck e Concours ausgeschriwwen, fir e neit Monument op der Place Marie-Thérèse opzeriichten (virum Gebai vun der Steierverwaltung). De Jury huet d’Wierk „D’Heemechtshand“ vum Aline Bouvy zréckbehalen.

Mir invitéieren d'Leit sech aktiv bei der Gestaltung vun dësem Wierk ze bedeelegen. Déi 3 Meter héich Hand wäert als Support déngen, fir 550 sangend Mënner. Dës entstinn duerch den Ofdrock vu 550 Mënner vun eisen Awunner: Fraen, Männer a Kanner.

De CAPe stellt fir d’Ofdréck vun de Mënner seng Raimlechkeeten zu Verfügung :

Freides, de 15. November 2013 vun 10.00 – 13.00 Auer a vu 14.00 – 19.00 Auer
Samschdes, de 16. November 2013 vun 10.00 – 13.00 Auer a vu 14.00 – 19.00 Auer
Sonndes, de 17. November 2013 vun 10.00 – 13.00 Auer a vu 14.00 –16.00 Auer

All Persoun, déi interesséiert ass un dësem Projet deelzehuelen, soll den Ziedel ënnen ausfëllen a seng Disponibilitéit uginn. Mir wëllen Iech informéieren, dass mir d’Leit “par ordre chronologique” zréckbehalen, dat heescht déi éischt si fir
(de Mondofdrock eegent sech net fir Leit déi ee Baart hunn oder fir Kanner ënner 11 Joer).

Méi Informatiounen iwwert Feierlechkeeten “150 Joer Ons Heemecht” fannt Dir op dem Internetsite vun der Stad Ettelbréck (www.ettelbruck.lu).

Mir soen Iech schonn am Viraus villmools Merci fir Är Collaboratioun !