D'Buurschter Schlassfrënn hunn den 23. a 24. November hire grousse Schlassmaart mat lokalen a regionale Produiten, musekaleschem Programm, Bastelateliere fir Kanner a villem mei organiséiert. Den Erléis vun de Bastelatelieren an d’Gagë vun der Schlasshärin an dem Schlasshär hunn d’Schlassfrënn generéiserweis un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent.
De Comité vun de Buurschter Schlassfrënn huet all Fräiwëlleger als Merci zu engem Owend um Schlass agelueden, wou si der Fondatioun feierlech de Scheck iwwerreecht an dobäi d’Zomm op 1000€ opgeronnt hunn! Déi Suen si bei der Fondatioun Kriibskrank Kanner gutt opgehuewen, domadder gi kriibskrank Kanner an hir Famille wärend der schwéierer Zäit ënnerstëtzt. E grousse Merci u jiddereen deen sech um Schlassmaart engagéiert huet!