1monthfree

Schülerinnen aus dem LTL grillen am Pirat: 1552€ fir Kriibskrank Kanner

Véier Schülerinne vum Lycée Technique de Lallange, d’Claire, d’Sara, d’Kendra an d’Joanna, hunn am Kader vum Projet „LTL Hëllef“ 1552€ fir d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gesammelt. Den 1. Mäerz huet de Lallenger Kult-Café „Le Pirate“ säin 20-järegt Jubiläum gefeiert an d’Schülerinne vum LTL hu bei der Occasioun gegrillt an d’Gäscht zerwéiert.


Si hu selwer an hirem Famillen Memberen un de Kriibs verluer an hunn dowéinst d’Fondatioun Kriibskrank Kanner mat hirer flotter Aktioun ausgewielt. E solidaresche Geste, deen der Fondatioun erlaabt, sech weider fir Kanner mat Kriibs an hir Famillen anzesetzen.


Säit iwwer 35 Joer ënnerstëtzt d’Fondatioun d’Famillen am finanziellen, administrativen, logisteschen, sozialen, psychologeschen a pedagogeschen Beräich. Aktuell betreit d'Fondatioun ongeféier 180 Famillen. Ronn 6000 Kanner stierwen all Joer an Europa un dëser Krankheet. 2/3 vun de Kanner leiden u Folgeschied vun der Behandlung, ënner anerem well et keng adequat Medikamenter fir Kanner ginn.


D'Fondatioun gëtt gréisstendeels vu privaten Don'en finanzéiert a respektéiert d'Ufuerderunge vun "Don en confiance Luxembourg".


Mir invitéieren iech alleguer op dëser Plaz, fir och en Don an dëser Saach ze maachen an doduerch d'Situatioun vun de betraffene Kanner ze verbesseren. Weider Informatioune ginn et op www.fondatioun.lu